
Dës Tâche wäert ausgelagert ginn. Et wäert do mat Acteuren aus der Géigend zesummegeschafft ginn, wou d’Krittären all respektéiert ginn.
An der lescht hätt ee just nach wéineg geschluecht an déi héich Energiepräisser géinge bewierken, datt een net méi kompetitiv wier.
Cobolux wäert an Zukunft seng Aktivitéiten an der Fleeschproduktioun an als Traiteur weiderentwéckelen, heescht et.
Bei Cobolux schaffen 180 Leit.
