GedenkzeremonieZu Wolz gouf un de Generalstreik vu virun 78 Joer geduecht

RTL Lëtzebuerg
De Fouersonndeg 1942 bleift een däischtert Kapitel an der Lëtzebuerger Geschicht.
Zu Wolz gouf u Generalstreik vu viru 78 Joer geduecht
De Fouersonndeg 1942 bleift een däischtert Kapitel an der Lëtzebuerger Geschicht.

Deemools huet de Gauleiter Simon d'Zwangrekrutéierung fir 4 Joergäng vu Lëtzebuerger Jongen bekannt gemaach. Et war um 31. August 1942, wéi couragéiert Aarbechter an der Wëlzer Liederfabrik IDEAL e Streik entaméiert hunn - e Mouvement, dat sech queesch duerch d'Land sollt zéien.

D'Konsequenze fir déi, déi beim Generalstreik matgemaach hu ware grave. D'Nazien hunn e speziellt Geriicht aberuff, wat 21 Manifestanten zum Dout verurteelt huet. Am Ganze goufen 875 Leit vun deem Geriicht verurteelt, si koumen an de Prisong oder an däitsch Konzentratiounslager.

Hire Generalstreik huet international Welle geschloen. Och dëst Joer gouf hinnen an der Cité des martyrs geduecht.

D'Plakater déi hir Verurteelung annoncéiere goufen am ganze Land opgehaangen. All Joer gedenkt d'Stad Wolz deene couragéierte Bierger, déi sech fir hir Wäerter agesat hunn.

Fränk ARNDT, Buergermeeschter Wolz:

Et ass un eis, fir Erliefnisser vun eisen Zäitzeien, déi eis no a no verloossen, weider ze vermëttelen un déi Jonk a si zu Passeurs de mémoire fir d'Generatiounen duerno maachen. Fir dass d'Erënnerungen un déi grujeleg Doten am zweete Weltkrich eis net verloossen.

Si sinn als Initiateure vum éischte Generalstreik am besaten Europa an d'Geschicht agaangen an hunn d'Lëtzebuerger Positioun géint de Naziregimm verbreet a gestäerkt.

Marc HANSEN, DP-Politiker:

Solidaritéit, Toleranz, Matgefill an Inclusioun mussen an eisem Alldag selbstverständlech sinn a bleiwen. Nëmmen esou bleift och eng Zeremonie wéi déi vun haut weiderhi relevant an hirer Zäit. Dat si mer eise Leit schëlleg, déi sech genee fir déi Wäerter agesat hunn.

Op der Zeremonie goufen och Parallellen zur aktueller Pandemie gezunn. Et wier wichteg zesummenzehalen an zesumme géint de Feind ze kämpfen – egal op siichtbar oder onsiichtbar.

Back to Top
CIM LOGO