
Agebrach gouf e Méindeg am Nomëtteg an eng Wunneng zu Rodange, dat an der Avenue Dr Gaasch. Hei sinn déi onbekannten Täter iwwert eng oppe Fënster an d’Gebai komm an hunn direkt e puer Objete matgoe gelooss.
E weideren Abroch gouf et an engem Eefamilljenhaus an der Rue de Differdange zu Zolwer. Hei hat eng onbekannte Persoun déi hënnescht Dier vum Haus opgebrach, huet alleguerten d’Raim am Haus duerchsicht an ass dono geflücht.
Ermëttlunge goufen a béide Fäll ageleet. Wéi ee sech preventiv virun Abréch schütze kann, gëtt een hei gewuer!