
162 Entreprisen hunn tëscht Ufank Juli an Enn September Faillite deklaréiert. Dat ass e Plus vun 3% géigeniwwer dem drëtte Quartal 2022. 30 Firmae goufen iwwerdeem am 3. Trimester 2023 liquidéiert.
Zanter dem Ufank vum Joer hunn am Ganze scho 710 Entreprisë Faillite gemaach, wat der 60 méi si wéi an den éischten 9 Méint zejoert. Dovun hunn ënnert anerem 117 Betriber aus dem Konstruktiounssecteur, 141 aus dem Commerce an 80 aus dem Horeca-Secteur missen zoumaachen.
