Gesondheet ëm d'GebuertZuel vu Puppelcher ass geklommen

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 2017 an 2019 sinn zu Lëtzebuerg méi Kanner wéi an der Zäit virdrun op d'Welt komm. D'Zuel vun de Keeserschnëtt ass iwwerdeems erof gaangen.

D’Zuel vu Gebuerten zu Lëtzebuerg ass tëschent 2017 an 2019 an d’Luucht gaangen, iwwerdeems et manner Cesariennë gouf a manner Episiotomien. De Gesondheetsministère huet en neie Rapport iwwert d’Gesondheet ëm d’Gebuert verëffentlecht. An deenen 3 Joer, déi gekuckt goufen, sinn d’Gebuerten ëm 3,1 Prozent an d’Luucht gaangen. 30,5 Prozent vun de Puppelcher koumen duerch e Keeserschnëtt op d’Welt, 2 Prozent manner wéi tëschent 2014 an 2016. 2019 louch den Taux vu Cesariennen zudeem fir d’éischte Kéier zanter 10 Joer ënner 30 Prozent. D’Zuel vun Episiotomien dann ass däitlech zréckgaangen. 2017 gouf de Gebuertskanal nach bei méi wéi engem Fënneftel vun de Gebuerten esou méi grouss gemaach, bei 2019 just nach knapp 14 Prozent. Am EU-Verglach läit Lëtzebuerg uewen an der Moyenne, wat d’Indicateure vun der Gesondheet ëm d’Gebuert ugeet.

Back to Top
CIM LOGO