
Déi Zuel wier iwwer déi lescht Jore stabel bliwwen. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch dem Fred Keup. Den ADR-Deputéierte freet an enger parlamentarescher Fro Detailer zu Gewaltproblemer an de Schoulen.
Déi meescht Concernéiert sinn deemno männlech an tëschent 14 a 16 Joer al.
Bei engem schoulflichtege Schüler ass et um Direkter, fir dofir ze suergen, datt déi jonk Persoun sech an der Woch nom Renvoi an enger anerer Schoul kann aschreiwen. Den Direkter vum Lycée d’accueil definéiert dann d’Admissiouns-Konditiounen.
Fir Gewaltsituatioune besser ze geréieren, gëtt et e speziellen Dispositif vum Centre Psycho-Social CePAS. Hei kënnen Affer sech mellen.
Aktuell leeft deen Dispositif an enger Pilotphas. Dëse soll en vue vum nächste Schouljoer ausgebaut ginn, sou nach de liberale Minister Meisch.