Wie versuergt d'Kanner, wa se mol erëm stënterlech musse wéinst positive Fäll an der Schoul Doheem bleiwen oder d'Crèche se wéinst Féiwer heemschéckt?
Trotz Congé pour raisons familiales kann oder wëll net jiddereen et sech erlaben, dauernd Doheem ze bleiwen.
Do gëtt et dann nach Dageselteren, deenen hir Aarbecht zanter 2007 gesetzlech gereegelt ass. Si schaffen als Independant. Hei am Land si 486 Persounen an dësem Statut ugemellt. An de leschte Jore geet d'Zuel vun hinnen awer erof.
Mir waren op Besuch beim Perrine Felix. Si ass selwer Mamm vu 5 Kanner an zanter 12 Joer Dagesmamm zu Péiteng. No enger Formatioun vun 120 Stonne këmmert si sech ëm 5 weider Kanner. Déi hunn tëscht 4 an 12 Joer.
Well et sech finanziell net rentéiere géif, wëll d'Perrine am léifsten als "Dagesmamm" ophalen. D'Zuel un Dageseltere géif konstant erofgoen, sou d'Analys vum zoustännege Ministère.
Et si maximal 3,75 Euro, déi d'Dageseltere pro Stonn a Kand vum Staat bezuelt kréien. 50 Cent kommen nach pro Nuetsstonn dobäi. Dat ass tëscht owes 7 a moies 7 Auer.
Verdéngen d'Elteren net esouvill, ass d'Participatioun vum Staat méi grouss. Wéinst der Pandemie waren d'Kannerstrukturen - dorënner och "Dageselteren" - bis ewell wärend 14 Wochen zou.
Huet een als Dagesmamm oder Dagespapp selwer Kanner an d'Strukture sinn all zou, huet een och e Recht op de "congé pour raisons familiales". Dëse gouf elo bis den 2. Abrëll verlängert.