
675 Entreprisë sinn an den éischten néng Méint vun de Joer faillite gaangen, 573 goufe liquidéiert. Bei de Faillitten ass dat eng Baisse vun 21 Prozent par rapport zu den éischten néng Méint vum Joer 2021. Tëscht Januar a September waren et d’lescht Joer 750 Faillitten. Mat 26,2 Prozent waren Holdings a Fonngesocietéiten am meeschte betraff, nach emol 20 Prozent waren et am Commerce.
An den éischten néng Méint vun dësem Joer hunn d’Geriichter iwwerdeems 573 Liquidatioune prononcéiert, eng Baisse vu 25 Prozent am Verglach zum nämmlechten Zäitraum am Joer virdrun. Och hei ware Fongen an Holdings mat 45,2 Prozent vum Total am meeschte betraff, virum Commercesecteur mat 16,1 Prozent.