PoliceZuel vun den Déifställ aus Kelleren a Gemeinschaftsraim ass geklommen
An der Lescht goufen der Police nees méi Fäll gemellt, wou Saachen aus Kelleren oder Gemeinschaftsraim, bzw Déifgaragë geklaut goufen.
Dowéinst gëtt d'Police präventiv e puer Tipps, wéi ee sech viru sou Déifställ beschütze kann:
- Keller a Garagen ëmmer zouspären
- Géigestänn vu méi héijem Wäert, wéi Vëloen oder Schaffgeschir ëmmer separat sécheren
- Keng Wäertgéigestänn bannent dem Auto leie loossen
- Bei Gemeinschaftsgarage soll opgepasst ginn, dass keng friem Persounen erakommen. Dofir soll dofir gesuergt ginn, dass d'Garagepaarten ëmmer séier a richteg zougemaach ginn
- Wann iech eng Persoun an der Géigend vun ärer Residenz opfält, déi der net kennt, sollt ee sech uschwätzen a froe wat se do mécht
- Alarméiert direkt d'Police (113), wann iech eng verdächteg Persoun opfält