
Fir vill Leit ass et eng Traditioun, de Familljememberen an de Frënn, déi ee Silvester net gesäit, op Distanz ze wënschen. An deen Trend geet weider an d’Luucht. Wéi d’Post e Méindeg matdeelt, goufen iwwert de mobillen Internet an hirem Reseau 168 téraocets un Donnéeën ausgetosch. Dat wier eng Hausse vun 1,8 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Wesentlech méi héich an d’Luucht gaangen ass d’Zuel vun den SMSen, déi verschéckt goufen. Waren et der 2022 just 379.300, sou ass déi Zuel 2023 op 653.234 geklommen. Dat entsprécht enger Hausse vun 72 Prozent. Am Zäitraum tëscht 2018 an 2022 war d’Zuel vun den SMSen deels staark zeréckgaangen an de Volume vun den Donnéeë staark geklommen.
Vu Proximus ass et iwwerdeems op Nofro hin d’Informatioun, datt tëscht 20 Auer den 31. Dezember a 4 Auer den 1. Januar am Netz vun Tango siwe Prozent manner SMSen wéi d’Joer virdru verschéckt goufen. Beim Volume vun den Donnéeën ass et eng Hausse vu 34 Prozent.
Bei Orange ass de Volume vun Donnéeën ëm 52 Prozent an d’Luucht gaangen a bei den Uriff ass et eng Hausse vu 17 Prozent. Bei den SMSen ass et par Konter ee Réckgank vun 12 Prozent.
Vœux de Nouvel An 2023 : 168 To de données envoyées sur le réseau mobile de POST
À l’occasion du réveillon du Nouvel An 2023, les clients de POST Luxembourg ont continué à envoyer leurs vœux via l’Internet mobile et SMS. Cette année, l’utilisation des SMS voit une hausse.
Sur les deux journées du 31.12.2022 et 01.01.2023, le nombre total de SMS envoyés sur le réseau mobile POST était de 653.234, soit une hausse importante de 72% par rapport à l’année précédente.
Le volume des envois de vœux par les messageries instantanées et les réseaux sociaux reste stable : pendant ces deux jours, 168 téraoctets de data ont été échangés sur l’Internet mobile à travers tous réseaux confondus (2G, 4G et 5G), soit 1,8% de plus qu’il y a un an.
Passage au Nouvel An | Nombre de SMS envoyés sur le réseau mobile POST | Volume de données échangées sur le réseau mobile POST |
2023 | 653.234 | 168 To |
2022 | 379.300 | 165 To |
2021 | 831.700 | 136 To |
2020 | 1,11 millions | 95.8 To |
2019 | 1,29 millions | 62.2 To |
2018 | 1,49 millions | 50.2 To |
POST Luxembourg souhaite à tous ses clients une bonne et heureuse année 2023.
(Source : POST Luxembourg, 2 janvier 2023)