
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 704 läit.
Aktuell sinn 113 (-15) Persounen hospitaliséiert, dovunner 25 (-1) op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.038 aktiv Infektiounen a 54.666 Persoune gëllen als geheelt.
2.721 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 569 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 64.068 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.