Kritik vu SEW an OKaJuZuele vun den Neiinfektiounen an de Schoule mussen transparent sinn

Diana Hoffmann
D'Infektiounszuelen an de Schoule klammen, mä och bal zwee Joer nom Ufank vun der Pandemie gëtt et an der Educatioun nach eng Rei Onkloerheeten.
© RTL-archiv

D’Zuel vun de Covid-Neiinfektiounen an de Primärschoule geet rapid an d’Luucht. Konkret Zuelen iwwert déi ënnerschiddlech Zenarien an de Klasse goufe laang keng méi vum Educatiounsministère verëffentlecht. Iwwer eng parlamentaresch Fro war gewuer ze ginn, datt sech an deene leschten zéng Wochen iwwer 2.200 Kanner an der Primärschoul ugestach hunn. De Partick Arendt vum Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL an de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, fannen, datt eng Partie Saache kënnen an de Schoule besser gemaach ginn.

Covid an de Schoulen / Rep. Diana Hoffmann

Vu Schoul zu Schoul ass d’Situatioun eng aner. Vun deenen engen héiert ee vun diverse Clusteren, Schüler a Quarantän vun engem gestéierte Schoulbetrib. Aus anere Gemengen héiert een dat manner. De Partick Arendt an de Charel Schmit géinge sech an éischter Linn iwwer méi Transparenz am Dossier freeën. De Charel Schmit sot dozou:

"Aus eiser Siicht ass et wichteg, datt et eng Transparenz gëtt vun dem Ausmooss, wéi d'Pandemie haut bei de Kanner an der Grondschoul an am Secondaire ass. Dëst féiert haut schonn zu groussen Ausfäll. Et soll net si fir Drock op d'Kanner a Jugendlecher ze maachen, mä fir d'Responsabilitéitsgefill bei deenen eelere Generatiounen unzeschwätzen."

De Partick Arendt zielt awer och nach weider Mesuren op, déi senger Meenung no kéinte fir méi Kloerheet suergen. Och vu Säite vun der Santé kéime widderspréchlech Consignen, esou de Patrick Arendt.

"Fir d’éischt emol hu mer e relativen Duerchernee bei all deene Mesuren, déi den Ament en place sinn. Ordonnancë koumen ze spéit. D’Eltere sinn net vollstänneg, respektiv ze spéint informéiert ginn. D’Enseignantë sinn net informéiert. Quarantäne ginn net wierklech iwwerwaacht. Deelweis kréie souguer d’Elteren d’Informatioun vun der Santé, datt se kéinten éischter hir Kanner an d’Schoul schécken an net déi ganz Quarantän missten ofwaarden. Also do ass relativ vill Duercherneen. Ech mengen, wann een dat géing rigouréis handhaben, da géinge mer warscheinlech schonn e bësse besser do stoen."

D’Maske sinn zwar eng grouss Hëllef, datt sech d’Pandemie manner séier ausbreet, à la mesure du possible soll den Unterrecht awer ouni Masken ofgehale ginn.

"D’Tester an de Schoulen, dat funktionéiert wierklech gutt. Wou d’Enseignanten net zefridde sinn, dat ass eben einfach, dass et keng Testflicht gëtt. Dass awer Elteren aus Bequeemlechkeet drop verzichten, hir Kanner testen ze loossen. Do misst een higoen a rigouréis testen."

Ob nei Mesuren an de Schoule wäerte kommen, am Hibléck op déi héich Unzuel un Neiinfektioune bei de Jonken a Kanner ënner 14 Joer, gëtt nom Regierungsrot matgedeelt. Et ass hei mat Adaptatiounen ze rechnen.

Question palamentaire - Situation an de Schoulen

Back to Top
CIM LOGO