HeescheverbuetZum Thema ass alles gesot, esou de Premier Luc Frieden

RTL Lëtzebuerg
De Premier Luc Frieden ass der Meenung, dass zum Thema Heescheverbuet alles gesot ass. Et géif näischt Neies an deem Dossier ginn.

Um Bord vun enger Chamberkommissioun, an där hie mat den Deputéierten iwwer d‘Aussepolitik geschwat huet, sot hien der Press géintiwwer just, dass wann et gesetzlech a juristesch net kloer wär, eng Reform Kloerheet kéint bréngen.

Weider Prezisiounen huet hien och op Nofro hin net ginn.

De Premierminister Luc Frieden huet allerdéngs mat Nodrock betount, dass de Sujet Heescheverbuet a sengen Aen “largement an de Medien exageréiert” géif ginn. Hie wënscht sech, dass d’Press sech méi fir d’Efforte vun der Regierung a punkto Logement a Kafkraaft géif interesséieren.

Gemeinsam Motioun

Déi juristesch Onsécherheet vum Stater Heescheverbuet hält dat Reglement weider an der Diskussioun. Bal déi ganz Oppositioun – ausser d’ADR – huet um Knuedler eng gemeinsam Motioun agereecht, déi fuerdert, datt den ëmstriddene Artikel am Policereglement gestrach gëtt.

D’LSAP, déi Gréng, d’Piraten an déi Lénk wëllen dat dëse Méindeg am Stater Gemengerot diskutéieren. D’JSL, déi jonk Gréng an déi jonk Lénk hu fir e Méindeg de Mëtteg virum Gemengerot zu enger Manifestatioun opgeruff.

De Premier Luc Frieden sot d’lescht Woch am Interview mam Quotidien, datt hien déi zoustänneg Ministere gefrot hätt, fir d’Situatioun z’iwwerpréiwen an no enger Analys ze clarifiéieren, dat am Kader vun enger Reform vum Code pénal.

RTL-News: Premier fuerdert Iwwerpréiwung a Klärung: “Debat iwwer Heescheverbuet ass largement iwwerdriwwen”

Back to Top
CIM LOGO