Vergiesse SchicksalerZwangsaarbechter aus der Sowjetunioun zu Lëtzebuerg: Expo zu Diddeleng

Tim Morizet
Och zu Lëtzebuerg goufe wärend der däitscher Besatzung Dausende Mënschen aus der Sowjetunioun zur Aarbecht gezwongen – vill vun hinne jonk Fraen.
Zwangsaarbechter aus der Sowjetunioun zu Lëtzebuerg
Och zu Lëtzebuerg goufe wärend der däitscher Besatzung Dausende Mënschen aus der Sowjetunioun zur Aarbecht gezwongen – vill vun hinne jonk Fraen.

Eng Ausstellung zu Diddeleng erënnert un hir Schicksaler an un e Kapitel vun der Geschicht, dat laang wéineg Opmierksamkeet krut.

Eng vun dëse Geschichten ass déi vun der Mamm vum Kati Hoor. Si gouf wärend der NS-Zäit aus der Ukrain verschleeft. Als jonk Fra koum si an en Aarbechtslager op Thionville, wou si hire spéidere Mann kennegeléiert huet. No Krichsenn sinn déi Zwee zesummen op Lëtzebuerg komm an hunn hei probéiert, en neit Liewen opzebauen.

„Meng Mamm ass vu Petrivka. Si huet mäi Papp am Krich kennegeléiert. Nom Aarbechtslager si se zesummen heihinner komm. Du ware se 13 Joer bestuet, an da sinn ech op d’Welt komm“, erzielt d’Kati Hoor.

Fir vill Zwangsaarbechterinnen a Zwangsaarbechter war d’Liewen nom Krich awer wäit ewech vun Normalitéit. Honger, Heemechtsverloscht an d’Trauma vum Lager hunn och zu Lëtzebuerg hiren Alldag gepräägt. Iwwer dat Erliefte gouf kaum geschwat.

„Wa meng Mamm driwwer geschwat huet, huet si dacks gekrasch“, seet d’Kati Hoor. „Si hat nach dräi Geschwëster – eng Schwëster an zwee Bridder. Duerch déi ganz Situatioun huet si kaum nach eppes vun hirer Famill doheem héieren.“

Ronn 4.000 Zwangsaarbechterinnen a Zwangsaarbechter aus der Sowjetunioun waren wärend der däitscher Besatzung zu Lëtzebuerg am Asaz. Si waren deels Krichsgefaangener, deels Zivilisten, déi virun allem aus der Ukrain, aus Russland oder aus dem Belarus koumen. Si hunn déi 11.000 Lëtzebuerger Männer ersat, déi zwangsrekrutéiert goufen an an der Wehrmacht hu misse kämpfen.

D’Zwangsaarbechter goufen an der Stol- a Waffenindustrie, an der Landwirtschaft oder bei der Eisebunn agesat – ënner deels extreeme Konditiounen. D’Lager waren op ronn 12 Site verdeelt, virun allem am Süde vum Land, ënner anerem zu Péiteng, Déifferdeng, Diddeleng oder Bouneweg.

D’Historikerin Inna Ganschow, déi sech op der Universitéit Lëtzebuerg mat dësem Thema beschäftegt, ënnerscheet tëscht zwou Haaptgruppen: „D’Krichsgefangener ware meeschtens erwuesse Männer. Déi zivil Ostaarbechter ware meeschtens Jonker a Fraen. Bei de Krichsgefaangene war et eng gezielt Politik: si sollten ënnererniert bleiwen, fir datt se sech net wiere konnten, net flüchte konnten an kee Widderstand leeschten.“

Trotz dem System vun Ënnerdréckung gouf et awer och Zeeche vu Solidaritéit. D’Ausstellung zu Diddeleng weist, wéi Deeler vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung den Zwangsaarbechter heemlech gehollef hunn – trotz strenge Verbueter.

„Vill Lëtzebuerger hunn Iessen, Kleeder oder Schong op d’Fënsterbänk gestallt“, erkläert d’Inna Ganschow. „Wann d’Aarbechter duerch d’Stroosse gefouert goufen, war kuerz drop alles fort. Anerer hunn Holzspillsaachen aus de Lageren erausgeschmuggelt an dës bei Frae mat Kanner géint Liewensmëttel getosch.“

Fir vill Betraffe gouf et awer nach Joerzéngte laang keng Unerkennung. Vill sinn zu Lëtzebuerg staatelos bliwwen, aner goufen no Krichsenn zeréck an d’Sowjetunioun deportéiert. Hir Geschichte goufen dacks vergiess. Bis haut konnten ongeféier 2.600 vun dëse Zwangsaarbechter identifizéiert ginn – vill aner Schicksaler bleiwe warscheinlech fir ëmmer vergiess.

*Nach bis den 22. Februar kann ee sech d’Austellung «OST» vun den Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg zu Diddeleng am Dokumentatiounszenter ukucke goen. Dës ass vun donneschdes bis sonndes vu Mëttes 15 bis Owes 18 Auer Owes op.

Back to Top
CIM LOGO