112Zwee Accidenter, Foussgänger ugestouss an e Feier

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg waren d'Leit vum CGDIS direkt e puer Mol am Asaz.

Um 19.45 Auer hat en Auto en Accident op der A1 tëscht dem Potaaschbierg a Mäertert. Kuerz no 21 Auer gouf et zu Schëndels an der Rue du Village e Feier an enger Holzheizung an um 1.30 Auer an der Nuecht sinn am Tunnel Stafelter Richtung Fridhaff op der Autobunn A7 zwee Autoen aneneegerannt. Bei béiden Accidenter gouf all Kéiers eng Persoun blesséiert.

Um Sonndeg géint 14.20 Auer gouf zu Gaasperech eng Persoun ugestouss a blesséiert. Weider Detailer sinn net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO