CGDISZwee Accidenter mat Blesséierter, Feier zu Hesper

RTL Lëtzebuerg
2 Leit goufe bei engem Autosaccident zu Gonnereng blesséiert an eng Persoun um Sennengerbierg. Bei engem Brand zu Hesper blouf et beim Materialschued.

Am Lokale mellt de CGDIS zwee Blesséierter vun e Mëttwoch géint 17.30 Auer, wéi sech zu Gonnereng zwee Autoen ze pake kruten. Géint 20 Auer war dat selwecht um Sennengerbierg de Fall, hei gouf eng Persoun verwonnt.

Zu Hesper hat géint 22.45 Auer dann d’Fassad vun engem Gebai gebrannt. D’Stater Pompjeeën haten dat awer séier ënner Kontroll.

En Donneschdeg de Moie géint 8.40 Auer krut op der A6 an Direktioun Stad en Auto e Moto ze paken. De Motorradsfuerer gouf beim Accident blesséiert a vun den Ambulanciere vu Stengefort versuergt. Op der Plaz waren och nach d’Pompjeeë vu Mamer a vu Koler.

Back to Top
CIM LOGO