
Um 14.40 Auer de Méindeg de Mëtteg war e Motard an der Garnecher Strooss zu Holzem gefall. Och do huet de Samu wéinst engem Blesséierte missten op d’Plaz.
Kuerz no 15 Auer dann eng Kollisioun tëscht zwee Ween tëscht Bënzelt an der Rossmillen. Hei sinn zwou verwonnt Persounen ze bekloen.
E Feier zu Lasauvage an e Kuerzschloss um Houwald
Bei béiden Tëschefäll um Sonndeg den Owend blouf et beim Materialschued.
De CGDIS mellt zwee Asätz vum Chrëschtdagsowend. Zu Lasauvage huet et an enger Kiche gebrannt. Dat war géint 17.50 Auer. Um Houwald koum et kuerz virun 22.30 Auer zu engem Kuerzschloss.