
Dat geet aus engem Communiqué vun der ADR ervir.
Den Tageblatt-Journalist a Chefredakter hat déi zwee Politiker am RTL-Presseclub leschte Sonndeg als “nidderträchteg Knaschtsäck” bezeechent. D’ADR wär ouni Aschränkung fir d’Fräiheet vun der Press, mä perséinlech Frechheeten a Beleidegunge géifen eng Grenz iwwerschreiden a wären inakzeptabel.
“Et geschéie Wonner: Den ADR ass well méi „woke“ ewéi déi Lénk an Déi Gréng zesummen. Si maache gären Plainte, well si sech un der Qualifikatioun „nidderträchteg Drecksäck“ stoussen. Jo, et ass e rose-queeschen Ausdrock: Ma ‘t huet een grad all Grond, rosen ze sinn. D’ADR-Deputéiert hetzen géint d’Press. Si hunn e.a. Journalisten vum Tageblatt direkt cibléiert, si stëppelen d’Corona-Demonstranten op a schéngen hir „Law and order“-Politik iwwer Bord geheit ze hunn. All dat geschitt mam Zil, maximal Opmierksamkeet ze kréien, d’Leit ze radikaliséieren a sech fir déi nächst Walen ze positionéieren. Ma fir Leit, déi d’Pressefräiheet konsequent mat Féiss trëppelen, sinn dat nach fäi Wierder gewiescht.”