
Accident e Mëttwoch um CR118 tëscht der route de Mersch an der Fiels. Zwee Autoe krute sech hei ze paken.
Wéi et heescht, géifen éischt Indicen op eng rutscheg Strooss op der Plaz hindeiten.
Beim Virfall gouf kee verwonnt.
Op der Plaz waren d'Ambulanz an de Sauvetage aus der Fiels, wei och d'Police vu Miersch.
Géint 12.30 krute sech zu Kënzeg an der Rue de Grass 2 Autoen ze paken. De Bilan ass hei 1 Blesséierten. Am Asaz war d'Ambulanz vu Stengefort an d'Pompjeeë vu Käerjeng.