Zu Räichel an tëscht Noutem a PommerlachZwee Automobiliste sinn e Freideg den Owend duerch hire Fuerstil opgefall

RTL Lëtzebuerg
Zu Räichel ass en Automobilist am Zickzack gefuer a konnt vun der Police ugehale ginn.

De Chauffeur huet säi Permis nach missen op der Plaz ofginn, well en ze vill gedronk hat.

Änlechen Zenario bei enger Automobilistin tëscht Noutem an dem Pommerlach. Der Fra hiren Auto war eréischt den Dag selwer nei ugemellt ginn, ma och si hat ze déif an d’Glas gekuckt an huet hire Fürerschäin nach op der Plaz missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO