Strooss war zum Deel blockéiertZwee Blesséierter bei Accident tëscht Béiwen-Atert a Biissen

RTL Lëtzebuerg
Op der N22 tëscht Béiwen-Atert a Biissen ass en Dënschdeg de Mëtteg een Auto vun der Strooss ofkomm.
© Domingos Oliveira / RTL

De Won huet géint 12.20 Auer eng Lénkskéier verpasst an ass an e Schëld gefuer, ier en dunn am Gestrëpp laanscht d’Strooss stoe bliwwen ass. Dem CGDIS no goufe beim Accident zwou Persoune blesséiert. Zwou Ambulanzen aus der Nordstad waren op der Plaz. D’Streck war wärend den Opraumaarbechten deelweis blockéiert.

Ee Motocyclist gouf blesséiert, wou hie géint 14.20 Auer an der Rue de la Montagne zu Pretten gefall ass.

Dräi Accidenter gouf et dann an der Stad. Um Boulevard de la Foire ware géint 16 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. An der Rue de Hollerich gouf géint 16.10 eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Direkt dräi Mënsche goufe géint 16.30 Auer an der Rue de Trèves blesséiert, wou e Bus géint e Potto gefuer ass.

Wou geschéien déi meeschten Accidenter? Déi aktuell Zuele vum Statec fannt Dir hei am Artikel!

Back to Top
CIM LOGO