CGDISZwee Blesséierter bei Accident tëscht Féngeg an Héiweng

RTL Lëtzebuerg
Géint 19.10 Auer en Dënschdeg den Owend hate sech um CR101 tëscht Féngeg an Héiweng zwee Autoen ze pake kritt.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Éischten Ermëttlungen no soll eng Automobilistin op enger Kräizung net bei engem Stoppschëld stoe bliwwe sinn, wouduerch déi zwee Ween kollidéiert sinn. Well den Opprall esou hefteg war, gouf ee vun den Autoe bis an de Gruef geschleidert. De Chauffer an deem Gefier gouf liicht blesséiert.

Op Nofro bei de franséischen Autoritéiten huet sech erausgestallt, datt de Won vun der Automobilistin, déi d’Stoppschëld wuel net gesinn hat, net verséchert ass. Well u béide Ween en Totalschued entstanen ass, huet de Parquet dovun ofgesinn, den net-versécherten Auto ze saiséieren.

Donieft war den Drogentest bei der Kontroll vun der Automobilistin positiv ausgefall, esou datt eng medezinesch Analys ordonéiert gouf.

Zwou Ambulanze vum Rettungsdéngscht Stengefort-Käerch an d’Rettungsdéngschter vu Koler a vu Käerjeng-Péiteng waren op der Plaz.

Wéi de CGDIS nach mellt, gouf e Mëttwoch de Moie eppes virun 8 Auer eng Persoun ugestouss a verwonnt. Dat op der RN07 tëscht Miersch a Rolleng.

Back to Top
CIM LOGO