
Géint 18.16 Auer sinn um CR121 tëscht Jonglënster an dem Blummendall zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Jonglënster versuergt.
Eng 10 Minutte méi spéit ass um CR129 tëscht Roudemer a Jonglënster e weideren Automobilist mat sengem Won accidentéiert a gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Jonglënster an d’Ambulanz vu Lëntgen.