CGDISZwee Blesséierter bei Accidenter an eng landwirtschaftlech Maschinn a Flamen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 17 Auer e Mëttwoch den Owend hate sech zu Beggen en Auto an e Bus ze pake kritt.

D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Um 19 Auer hat dann zu Gréiwels eng landwirtschaftlech Maschinn gebrannt. D’Ambulanz vu Rammerech an d’Pompjeeën aus den Asazzentere Gréiwels an Alebësch goufen an den Asaz geruff. Et blouf beim Materialschued.

Géint 7.45 Auer en Donneschdeg de Moie waren dann an der Grand Rue zu Rëmeleng zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeë vu Rëmeleng waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO