
De CGDIS mellt um Moien een Accident zu Koplescht an der Rue de Saeul. Zwee Autoe koumen hei géint 18 Auer net laanschteneen, eng Persoun gouf blesséiert. Secouriste vu Mamer a Koplescht waren op der Plaz. Zu Esch huet et da géint 20 Auer an der Rue de Schifflange geknuppt, och hei gouf eng Persoun blesséiert.