Tëschent Keespelt a SchëndelsZwee Blesséierter bei Kollisioun tëscht 3 Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Tëschent Keespelt a Schëndels sinn de Méindeg de Moie fréi kuerz viru 6 Auer 3 Autoen aneneegerannt, dat mellt den 112, 2 Persoune goufe blesséiert.

Eng Stonn méi spéit ass en Auto tëschent Garnech an Holzem accidentéiert, do gouf et ee Blesséierten.

De CGDIS mellt och nach een Accident vun e Sonndeg den Owend, do war géint 17.50 Auer en Automobilist mat sengem Won an eng Mauer gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren d’Ambulanz vu Stengefort, de CIS Dippech, de CIS Koler an de CIS Mamer.

Back to Top
CIM LOGO