
Tëscht der Fiels a Miedernach ass en Auto an e Bam gerannt, dat war kuerz virun 19 Auer e Freideg den Owend. Hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 17.15 Auer ass e Motocyclist tëscht Stolzebuerg an Ënnereesbech gefall, gouf awer net blesséiert.
Kuerz no 20 Auer ass dann en Auto tëscht Dummeldeng an der Brennerei op der Iechternacher Strooss accidentéiert. Och hei blouf et beim Materialschued.
Géint 22.45 Auer huet et an enger Kummer zu Hengescht gebrannt. D’Feier konnt geläscht ginn an et ass kengem eppes geschitt.