
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident no 20 Auer e Mëttwoch den Owend op der A13, tëscht Munneref an dem Tunnel Markusbierg. Zwee Autoe krute sech do ze paken, eng Persoun gouf blesséiert.
Ee Blesséierte gouf et och an der Nuecht op en Donneschdeg géint 1 Auer um Kierchbierg, wéi en Auto accidentéiert ass.
En Donneschdeg de Moie géint 7.15 Auer gouf et zu Uewerfeelen eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Heibäi goufen zwou Persoune verwonnt.