
E puer Meter no der Sortie Ettelbréck a Richtung Angelduerf ass en Auto vun der Spuer ofkomm a krut e Schëld ze paken. De Won ass doropshin an d’Schleidere geroden an ass nieft der Strooss op der Chaufferssäit leie bliwwen.
D’Bäifuererin huet wéinst hire Verletzungen nach op der Plaz misse versuergt ginn a koum dono an d’Spidol. Och de Chauffer, dee liicht verwonnt gouf, koum fir eng weider Behandlung an d’Klinik.
Wärend dem Rettungsasaz war d’B7 a béid Direktioune gespaart fir den Trafic. Op Uerder vum Parquet Dikrech gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz geruff.
Am Garer Quartier ass enger Patrull e Samschdeg am Nomëtteg en Automobilist duerch seng Fuerweis opgefall. Wéi d’Beamten de Won stoppe wollten, hu si festgestallt, dass de Chauffer gedronk hat. En Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.
Kuerz no 19 Auer koum et zu Diddeleng bei der Gemengeplaz zu engem klenge Verkéiersaccident mat Materialschued. Beim Chauffer ass den Alkoholtest positiv verlaf an de Permis war fort.
Géint 5 Auer dann e weideren Accident zu Buerglënster an der Rue d’Imbringen. Do ass e Chauffer mat sengem Gefier an e geparkten Auto gerannt. De Mann konnt säi Won nach mat Zäite verloossen, ier dëse Feier gefaangen huet. D’Flame hunn op den aneren Auto iwwergegraff, sou dass de Materialschued immens héich ass. Kengem ass eppes geschitt. De Chauffer hat allerdéngs ze déif an d’Glas gekuckt an huet de Fürerschäi missen ofginn.
Kuerz no 7 Auer koum et um CR110 tëscht Kënzeg a Grass zu engem Accident. En Auto war do an enger Lénkskéier vun der Strooss ofkomm a krut d’Leitplanken ze paken. Dës goufen op e puer Meter beschiedegt. Den Automobilist gouf net verwonnt, ma den Alkoholtest war positiv. Hei blouf et awer bei engem Protokoll.
Wéi d’Police präziséiert, goufen ma Laf vun der Nuecht véier weider Permisen agezunn wéinst Alkohol hannert dem Steier, dëst a Clausen an 3 Mol zu Esch.
Kuerz no 6 Auer e Sonndeg de Moie koum et op der Areler A6 zu engem Accident. De Chauffer hat do d’Kontroll iwwert säi Gefier an der Sortie Stengefort verluer an ass domat an de Kräsi geroden. Den Auto huet sech e puer Mol iwwerschloen a koum um Daach un d’Halen. Béid Persounen am Gefier goufen net blesséiert, ma bei der spéiderer Iwwerpréiwung duerch d’Police koum eraus, dass de Chauffer kee valabele Permis bei sech hat. D’Police huet protokolléiert.