
Et huet sech eraus gestallt, datt si Geschier derbäi hate fir anzebriechen an datt se dat och kuerz vordrun an der Rue des Fleurs gemaach haten. Déi zwee presuméiert Täter goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
D’Police technique gouf mat der Spueresécherung beoptraagt. D’Affer kruten déi geklauten Objeten zeréck.