
Zwee Mënsche sinn e Mëttwoch den Owend géint 20.15 Auer tëscht dem Rond-point Gluck an der Bouneweger Rocade ëm d’Liewe komm. Zwee Autoe waren anenee gerannt, nodeems ee vun de Ween aus nach ongekläerte Grënn vu senger Bunn ofkoum a komplett op déi aner Säit gerode war. Wéi d’Police mellt wieren d’Autoe frontal anenee geknuppt.
Déi zwee Chauffeuren, déi deen Ament eleng an hiren Autoe waren, goufen ageklemmt. Eng Ambulanz aus der Stad an ee Samu waren op der Plaz, mee d’Secouriste konnten hinnen net méi hëllefen.
De Mooss- an Erkennungsdéngscht vun der Police war nom Accident op der Plaz, fir d’Ëmstänn vum Accident ze klären. Bis an déi fréi Moiesstonne war d’Streck dowéinst gespaart. Elo muss erausfonnt ginn, ob op der Plaz ze héich Vitesse am Spill war. Eigentlech ass d‘Vitesse do op 50 Kilometer an der Stonn limitéiert.
An der Route d’Esch zu Bieles gouf e Mëttwoch den Owend iwwerdeems eng Persoun liicht blesséiert, nodeems zwee Autoen an een Accident gerode waren.