CGDIS-BulletinZwee Foussgänger ugestouss, am ganzen dräi Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS goufen am Laf vum Donneschdegmoien op zwee Accidenter geruff, bei deenen am Ganzen dräi Leit blesséiert goufen.
© CGDIS

Géint 7:40 Auer gouf an der Lonkecher Strooss zu Péiteng ee Foussgänger ugestouss. Donieft gouf eng weider Persoun blesséiert. Nieft dem Samu-Noutdokter vun Esch hu sech och d'Ambulanciere vu Péiteng a vum Zenter SaDiff ëm déi Blesséiert gekëmmert. Och d'Pompjeeë vu Péiteng waren um Asaz.

Zu Esch um Boulevard Hubert Clement gouf dann nach géint 8:20 Auer e weidere Foussgänger ugestouss a blesséiert. Hei waren d'Rettungsekippe vun Esch am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO