
Zu Esch gouf en Donneschdeg den Owend um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte eng Automobilistin vun der Police kontrolléiert. Well si ze vill gedronk hat an den Alkoholtest och deementspriechend positiv ausgefall ass, gouf ee provisorescht Fuerverbuet géint si ausgeschwat.
En zweete Fürerschäi gouf géint 1.40 Auer tëscht Bartreng a Mamer agezunn, nodeems ee Chauffer do Schlaangelinne gefuer ass. Och hei huet den Alkoholtest ugeschloen an ugewisen, datt de Maximalwäert iwwerschratt ginn ass.