Am LokalenZwee Leit an der Stad ugestouss a blesséiert, Accident tëscht Alzeng an Haassel

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, goufen e Méindeg den Owend véier Persounen am Stroosseverkéier verwonnt. An zwee Fäll krut en Automobilist e Foussgänger ze paken.
© RTL-Archiv

Eng Persoun gouf géint 17.35 Auer am Pafendall ugestouss, déi aner zu Märel. Zwee Mënsche goufe verwonnt.

Da koum et um 20.15 Auer um CR162 tëscht Alzeng an Haassel zu engem Accident. Hei sinn zwee Gefierer net laanschtenee komm. De Bilan sinn zwee Blesséierter.

Wéi d’Police spéider präziséiert, hat de Chauffer d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a krut een Auto ze paken, deen deen Ament entgéintkoum. Dëse Won gouf an de Gruef geschleidert an d’Automobilistin huet misse vun de Rettungsekippe gebuerge ginn. Béid Persoune koumen an d’Spidol. Wéi et heescht, gouf en drëtten Auto duerch Stécker, déi op der Strooss louchen, beschiedegt. Beim schëllegen Automobilist war iwwerdeems den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO