Op eise StroossenZwee Motocycliste gefall, béid goufe blesséiert an 2 Bränn

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 18 Auer war e Motocyclist tëscht Uespelt an Altwis gefall, 3 Stonne méi spéit en anere bei Branebuerg a Weiler.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

A béide Fäll gouf de Motosfuerer blesséiert. Bei Uespelt waren d’Rettungsdéngschter vu Uespelt, Keel a Fréiseng am Asaz, bei Branebuerg d’Ekippen aus der Nordstad a vun Tandel.

An der Montée de Clausen an der Stad sinn dann e Méindeg de Moie kuerz no 5 zwee Autoen anenee gerannt, hei gouf kee blesséiert. An zu Esch huet kuerz virun 10 eng Kiche gebrannt, och hei blouf et beim Materialschued. A béide Fäll waren déi lokal Rettungsekippen am Asaz.

Op der A3 tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem huet e Méideng géint 15 Auer iwwerdeems een Auto gebrannt. Blesséiert gouf dobäi keen, de CIS aus Hesper an aus der Stad waren awer am Asaz.

Géint 17.30 Auer koum et um CR159 tëscht dem Scheedhaff a Sandweiler zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Op 2 Plazen am Land hat et iwwerdeems gebrannt. Géint 19.35 Auer stoung zu Bettenduerf an der Rue du Moulin e Bam a Flamen a géint 00.30 Auer war et eng Wiss, déi zu Esch a der Rue Portland gebrannt huet.

Back to Top
CIM LOGO