CGDISZwou Persoune blesséiert, all Kéiers war e Motocyclist mat involvéiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt sinn dës Accidenter tëscht Suessem a Käerjeng an tëscht dem Katrewang a Koplescht.

2 Blesséierter gouf et e Freideg op eise Stroossen. Wéi de CGDIS mëllt gouf et kuerz virun hallwer 6 e Freideg den Owend en Accident op der A13 tëscht Suessem a Käerjeng. En Auto an e Moto sinn hei anenee gerannt, eng Persoun gouf verwonnt.

A kuerz virun hallwer 10 ass tëscht dem Katrewang a Koplescht ass e Motocyclist gefall a gouf blesséiert.

De CGDIS huet ee Motorradsaccident gemellt, e Samschdeg de Moien kuerz virun 11 op der Areler Strooss zu Mamer. De Motocyclist ass bei senger Chute blesséiert ginn. 2 Autoen dann hu gebrannt e Samschdeg de Mëtten, sou den 112. Eemol war et ëm 14 Auer op der A1 tëscht Mënsbech a Fluessweiler an um 15 Auer huet en Auto an der Rue de Luxembourg zu Esch gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO