
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident en Dënschdeg de Moie fréi ëm kuerz no 5 Auer op der Areler Autobunn, tëscht dem Wandhaff an der Aire de Capellen. Zwee Autoe krute sech op der A6 ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert, d’Secouriste vu Kielen a Mamer waren op der Plaz.
E Méindeg den Owend géint 21 Auer ass zu Ettelbréck an der Avenue des Alliés iwwerdeems eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. Hei war ënnert anerem de Samu-Noutdokter am Asaz. Ronn eng hallef Stonn méi spéit gouf dunn och zu Nidderkuer an der Rue P. Gansen nach eng Persoun ugestouss a blesséiert.
Géint 20.50 Auer um Méindeg den Owend ass zu Nidderkäerjeng een Auto an ee Bam gerannt. Blesséiert gouf heibäi awer keen.
Den ACL warnt iwwerdeems en Dënschdeg de Moie virun de schlechte Wiederkonditiounen, déi d’Stroossen uechter d’Land méi geféierlech maache kënnen. Et gëllt, säi Fuerstil entspriechend unzepassen.