
E Méindeg géint 21.15 Auer gouf an der rue Gaffelt zu Diddeleng e Mann iwwerfall. D’Affer gouf aggresséiert a krut säin Handy, Kopfhörer an e Sonnebrëll geklaut. Den Täter ass an der Suite bei eng aner Persoun op de Scooter geklommen an zesumme mat där geflücht.
Täterbeschreiwung vun der Police:
Jonke Mann vun normaler Statur, ongeféier 1,80 bis 1,85 Meter grouss, hat e groe Pullover mat Kaputz an eng gro Mutz un, hat laang brong Hoer an engem Wutz an en 3-Tage-Bart. Hien huet franséisch geschwat.
De Mann um Sccoter war méi kleng, hat schwaarz Hoer a war och ganz schwaarz gekleet.
En Dënschdeg den Owend ass och zu Esch eng Persoun iwwerfall ginn. Géint 22 Auer gouf d’Affer vun zwee Männer mat engem Messer menacéiert a geschloen. D’Täter hu Boergeld geklaut a sinn duerch d’Rue des Jardins a Richtung Place de l’Hôtel de Ville geflücht.
Täterbeschreiwung vun der Police:
Den éischte Mann war ongeféier 30 Joer al, grouss a schlank, hat eng wäiss Jackett un an e wäisse Vëlo bei sech.
Den aner Täter war méi kleng a vu korpulenter Statur, hat eng Jeansbox, eng wäiss-blo Joggingsjackett an eng schwaarz Kap un.
En Dënschdeg an der Nuecht huet iwwerdeems e Mann a sengem Haus en Abriecher iwwerrascht, dee sech an der Suite direkt duerch d’Bascht gemaach huet. Den Abriecher war ongeféier 1,80 Meter grouss, vun normaler Statur an hat eng schwaarz-giel Jackett mat engem Schrëftzuch um Réck un.