Bei Policekontroll opgefallZwou Persounen am Kader vu Bedruchsmasch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Nodeems si duerch rout gefuer waren, goufen 2 Männer kontrolléiert, bei deene sech erausgestallt huet, datt si a Relatioun mat enger Bedruchsmasch stinn.

En Dënschdeg de Mëtteg huet eng Policepatrull en Auto gestoppt a kontrolléiert, deen an der Avenue de la Gare an der Stad iwwer rout gefuer war. Bei der Kontroll konnt de Chauffer weder Pabeieren nach e Permis virweisen. Donieft goufen d’Beamten op en däitleche Cannabis-Geroch an eng gréisser Zomm Boergeld an der Händschekëscht opmierksam ginn.

De Chauffer an de Bäifuerer koumen doropshi mat op de Policebüro, wou sech am Laf vun den Ermëttlungen de Verdacht verstäerkt huet, datt béid Männer an Zesummenhang mat enger Bedruchsmasch stéingen, bei där d’Täter sech als falsch Bankemployéeën ausginn, fir esou un d’Bankdaten, Kreditkaarten a Login-Donnéeën ze kommen. Dofir gëtt den Affer virgetäuscht, datt onerlaabt Sue vun hire Konten ofgebucht goufen an d’Bankkaarten dowéinst ausgetosch gi mussen.

Bei der Kierperkontroll vun de Männer goufe gréisser Zomme Boergeld fonnt a séchergestallt. Ee vun hinnen hat iwwerdeems dräi Kreditkaarte bei sech, déi éischten Informatiounen no engem Affer vun esou enger Bedruchsmasch gehéieren.

Op Uerder vum Parquet goufe béid Verdächteger festgeholl a koumen e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO