
An der Nuecht op e Samschdeg gouf zu Esch an zwee Bistroen agebrach. Dobäi goufen d’Keese geklaut a Spillautomate beschiedegt. Am Laf vun den Ermëttlunge koumen d’Polizisten op d’Spuer vun zwou Persounen. De Parquet huet eng Hausduerchsuchung ordonnéiert a béid Persoune konnten och op där Adress ugetraff ginn. Donieft sinn och Saachen, déi si geklaut haten, fonnt ginn. Béid Täter goufen op Uerder vum Parquet verhaft a koumen e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.
Um Cents gouf eng Persoun gesinn, wéi eng Glasdier hannert engem Haus opgebrach huet. Wéi d’Police op d’Plaz koum, war den Täter awer scho verschwonnen, wuel ouni eppes geklaut ze hunn. Eng Sich mat méi Patrullen an dem Policehelikopter ass ouni Succès bliwwen, d’Ermëttlunge lafen.
Eng Plainte gouf dann e Samschdeg vun enger Persoun gemaach, déi op eng SMS-Arnaque eragefall war. D’Affer war opgefuerdert ginn, online hir Bankdaten unzeginn, fir Suen zeréckzekréien. Ma Amplaz Suen zeréckzekréien, gouf eng Zomm am niddrege véierstellege Beräich ofgebucht. Wéi d’Police schreift, sinn aktuell méi esou Scamen am Ëmlaf. Wéi ee sech dogéint schütze kann, fënnt een um Site vun der Police.