FréisengZwou Persounen no Déifstall festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend wollten zwou Persounen op enger Pompelstatioun an der Rue Robert Schuman zu Fréiseng Wuere klauen.

Allerdéngs konnt ee Mataarbechter si dobäi stéieren. Kuerz drop huet d’Police déi zwee Verdächteg dunn och ugetraff a kontrolléiert. Am Laf vun den Ermëttlunge koum de Verdacht op, datt béid Persoune un engem Déifstall zu Nidderkäerjeng bedeelegt waren. Och hei war eng Pompelstatioun hiert Zil. Op Uerder vum Parquet koumen déi Verdächteg e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO