
© AFP
De Risiko fir déi duerch Zecken iwwerdroen Hirnhautentzündung ass a ganz Däitschland op en Neits geklommen.
Wéi de Robert-Koch-Institut mellt, koumen dëst Joer dräi nei Risikiogebidder fir d'Fréisummer-Meningoenzephalitis (FSME) dobäi. Den RKI huet en Donneschdeg den Owend hiren aktuelle Wochebericht verëffentlecht.
A Sachsen-Anhalt gouf eng éischte Kéier de Krees Anhalt-Bitterfeld als Risikogebitt agestuuft. A Bayern betrëfft et de Landkrees Fürstenfeldbruck a München. Domat gëllen elo 178 Kreesser als FSME-Risikogebidder.
Bei eisen däitschen Noperen ass de Risiko fir eng FSME-Infektioun besonnesch héich a Bayern a Baden-Württemberg, souwéi a Südhessen, am südëstlechen Thüringen, a Sachsen an am südëstleche Brandenburg. Eenzel Risikogebidder leien donieft a Mittelhessen, am Saarland, a Rheinland-Pfalz, Niedersachsen an an Nordrhein-Westfalen.
Déi dräi nei Risikogebidder grenzen deemno u scho bekannten FSME-Regiounen.
D'lescht Joer goufen dem RKI no am Ganzen 546 FSME-Erkrankunge gemellt. Dat waren 30 Prozent méi wéi am Joer 2021 mat 421 iwwermëttelten FSME-Erkrankungen. Bei de meeschten 2022 gemellten Erkrankungen (98 Prozent) louch keng oder eng net komplett Impfung vir.
Bëschzecke kënnen den Erreeger FSME iwwerdroen, eng virusbedéngten Hirnhautentzündung. Experte beobachten zanter e puer Joer, dass sech d'FSME-infizéiert Zecken an Däitschland weider vum Süden an den Norden ausbreeden. Douce Wantere suergen donieft, dass d'Zecke relativ fréi aktiv sinn.