An och wann déi kleng Flitzer op den éischte Bléck un eng Spillsaach erënneren: Mam klassesche ferngesteierten Auto aus dem Kannerzëmmer hu si net méi vill gemeinsam. Déi professionell Modell-Autoe kaschten op dësem Niveau gär emol ëm déi 2.000 Euro.
Vill Technik am Miniaturformat
Fir séier Ronnen ze fueren, geet et awer net nëmmen ëm d’Vitess. Präzisioun, Reaktioun an déi richteg Strategie sinn op d'mannst genee esou wichteg. Och technesch gëtt näischt dem Zoufall iwwerlooss. Esou ginn zum Beispill d’Pneue virum Asaz erhëtzt, fir de Gripp op der Pist ze verbesseren. De Prinzip kennt een och aus dem Motorsport mat grousse Rennautoen – just datt hei alles e puer Nummere méi kleng ass.
Ënnert de Pilote sinn dobäi souwuel Profien ewéi Hobby-Fuerer. Verschiddener hunn hiert Hobby mëttlerweil zum Beruff gemaach, anerer hunn nach ëmmer virun allem aus Passioun d'Fernsteierung am Grapp.
Eng usprochsvoll Streck um Houwald
De Parcours um Houwald huet et dobäi a sech. D’Organisateure vum Luxembourg Modell Car Club (LMCC) beschreiwen d’Streck als besonnesch usprochsvoll. "D'Lëtzebuerger Streck ass wéinst den Héichtemeter esou bekannt", erkläert de Luka Jovicic aus dem Comité vum LMCC, "den héchste Punkt ass zwee Meter méi héich wéi de Recht vun der Streck". Ënnert de Pilote gëllt se esouguer als eng vun de schéinste Pisten an Europa. "Se kéint e bësse méi Gripp hunn, mee fir mech ass et mat eng vun de schéinsten a beschte Strecken", esou de professionelle Pilot Marc Rheinard aus Däitschland.
Fir den Europameeschterschaftsweekend sinn also Piloten aus verschiddene Länner op Lëtzebuerg komm, fir sech um Mini Circuit ze moossen. Egal ob Profi oder Hobby-Fuerer: Op der Pist gouf mat vollem Asaz gefuer.
Kleng Autoen, grouss Ambitiounen – an hannendrun eng ganz Partie Technik, Training a Passioun.