Weltwäit Wäiproduktioun geet erof

© AFP/Archiv/ROMAIN PERROCHEAU
Dëst Joer ass déi weltwäit Produktioun vu Wäin esou déif gefall, wéi zanter 1961 net méi.
Dat deelt déi International Organisatioun fir Rief a Wäin (OIV) no éischte Schätzunge mat. Deemno géing d'Produktioun mat 224,1 Milliounen Hektoliter siwe Prozent ënnert dem Wäert vu leschtem Joer leien. Grond dofir wieren "op en Neits, extrem klimatesch Bedéngungen".
D'Organisatioun erkläert, dass "fréie Frascht, vill Reen an Dréchent" en enormen Afloss op d'Wäiproduktioun haten. Besonnesch an der südlecher Hemisphär hätte wichteg Produzente grouss Réckgäng misse feststellen. An Argentinien, Australien, Chile, Südafrika a Brasilien wieren dëst Joer 10 bis 30 Prozent manner Wäin wéi 2022 hiergestallt ginn.
Italien huet duerch e Verloscht vun 12 Prozent op hirer Produktioun den Titel als gréisste Wäiproduzent u Frankräich verluer, wou d'Zuele stabil bliwwe sinn. Spuenien ass trotz engem Réckgang vu 14 Prozent, drëttgréisste Produzent bliwwen.