De Projet NoA baséiert op de 17 Entwécklungsziler vun der UNO. E gouf vun Infino, der Initiativ fir Nohaltegkeet an d'Liewe geruff. 

D’Schüler sollen Acteuren an der Nohaltegkeet sinn an net just Observateuren. 30 Lycéeën hu sech gemellt, fir beim Projet matzemaachen. Schlussendlech sinn 19 Projeten hänke bliwwen. Mir sinn 3 Schoule besiche gaangen. Déi waren och all Deel vun de 7 Projeten, déi den 2. Juli am Forum um Campus Geesseknäppchen e Präis gewonnen hunn.

Dem Lënster Lycée säi Projet ass en Hydroponesche System. De Projet war an Zesummenaarbecht mam Lycée Michel Lucius entstanen. D'Ekipp vun der Sainte-Anne huet am Kader vum Projet ënner anerem Kraider a Geméis am Schoulhaff ugeplanzt. D'Ecole internationale vun Déifferdeng an Esch-Uelzecht bitt en nohaltegt Moiesiessen un: de Breakfast Club.

Et ass gratis fir déi Schüler, déi keng finanziell Moyennen hunn, moies eppes ze iessen. Och wann déi éischt Editioun vum NoA mëttlerweil eriwwer ass, schaffen d'Ekippen un de Projete weider. Ausserdeem hunn déi Projeten d’Schüler inspiréiert, e méi nohaltegt Liewen ze féieren. Och ausserhalb vun der Schoul. Op manner Auto fueren oder méi Bio Produite kafen. An genau dat war d’Ziel vum NoA.