Sou fréi wéi nach niWéinst dem Extreem-Summer fänkt d'Wäilies am Elsass éischter un

AFP
Wéinst der extreemer Hëtzt dëse Summer fänkt d'Wäilies am Elsass dëst Joer sou fréi u wéi nach ni virdrun.
Wegen der extremen Hitze in diesem Sommer hat im Elsass die Weinlese so früh begonnen wie nie zuvor. Am Dienstag begann die Lese für alle Rebsorten gleichzeitig, wie die elsässische Winzervereinigung mitteilte.
All d'Reifzorte si schonn zeideg a musse gepléckt ginn am Elsass.
© AFP/Archiv

Zanter leschtem Dënschdeg ass d'Lies fir sämtlech Riefzorte lancéiert, sou d'elsässesch Wënzervereenegung. Normalerweis ass d'Wäilies am Elsass gestaffelt no Crémant, AOC Alsace a Grands crus

"Mir hunn e Joergang, deen ongewéinlech fréi räif ass, mir briechen domat sämtlech Rekorder", sou de Chef vum Wënzerverband Théo Grischko. Et hätten och vill Wënzer extra Geneemegungen ugefrot, fir souguer nach méi fréi mat der Wäilies unzefänken. Enn Juli war d'Produktioun am Elsass op 804.000 Hektoliter geschat ginn. D'Joer wier gepräägt vun engem "extreem ongewéinleche Wieder", betount d'Marie-Noëlle Lauer vun der Landwirtschaftskummer am Elsass. Wärend de Caniculle wieren zäitweis Temperature vu bis zu 44 Grad am Schiet gemooss ginn.

D'lescht Joer hat d'Wäilies fir Cremant den 19. August ugefaangen, wat do scho fréi war. Ma och an anere Regioune vu Frankräich huet d'Wäilies immens fréi ugefaangen: Ufank August an der Bourgogne, Champagne a Bordeaux. An der Languedoc-Roussillon war d'Lies souguer schonn Ufank Juli.

Enger Etüd no, déi op knapp 700 Joer Wäilies an der Bourgogne baséiert, huet de Klimawandel zu enger "Explosioun" vun extreeme Jore geféiert. Deemno sinn d'Jore mat extreemer Hëtzt an domat och fréie Wäiliesen tëscht 1354 an 1719 all 17 Joer opgetrueden an nach emol vu 1720 bis 1987 all 53 Joer. Zanter 1988 hätte sech dës Ofstänn däitlech verklengert an all 5 Joer wier et zu Caniculle komm. Zanter dem 21. Joerhonnert wier et souguer schonn dat 10. Extreemjoer, deemno läit den Ofstand elo bei all 2 an en halleft Joer.

Wëssenschaftler gi grondsätzlech dovun aus, dass nach méi Hëtztwellen an also och méi fréi Recolten duerch de mënschegemaachte Klimawandel op eis duerkommen.

Back to Top
CIM LOGO