Sneakermess dëse Weekend an der Luxexpo
D'Leit hu se am Alldag un, op der Aarbecht oder an der Disco.
Sneaker sinn an der Moud. Net just bequeem, mee och fir vill Sammler eng Wäertanlag. Dëse Weekend dréit sech an der Luxexpo The Box alles ëm dës sportlech Schong, dat am Kader vun der Sneakermess, déi mëttlerweil 10 Joer feiert.
Am Fréijoer 2014 gouf dës spezifesch Schongfoire eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg organiséiert.
Dat op Initiativ vum Ronny Erpelding, dee selwer Sneaker-Sammler ass. Mëttlerweil géifen et op der Sneakermess 60 Händler, seet de Ronny Erpelding. Nieft Schong fënnt een hei och Kleeder, Brëller an aner Accessoiren.
Ronn 20.000 puer Schong kann een an der Luxexpo dëse Weekend bestaunen an och kafen. Woubäi een, deemno wéi, déif muss an d’Täsch gräifen. D'Präisser klamme bei exklusive Modeller alt scho mol an de fënnefstellege Beräich.
D’Sneakermess gëtt am Grand-Duché zwee Mol am Joer organiséiert.
Fir déi passend Danz-Animatioun ass och gesuergt.
D’Sneakermess an der Luxexpo The Box ass e Sonndeg vu moies 10 bis owes 18 Auer op. Entréesticketen kritt ee fir 15 Euro an der Dageskeess.