D’Haaptleit vum Engel Albert hunn am Numm vun Engele mat Quellewaasser, Sauerkraut-Jus a bloer Luucht Dokter gespillt a Leit a Gefor bruecht. Wann esou Versammlungen, wéi déi um Melickshaff haut och Geschicht sinn – d'Adepte vun der Sekt gleewen ëmmer nach un d’Messagë vun de Schutzengelen.
D’Fraen, déi an den 1980er um Melickshaff d’Soen haten, haten effektiv eppes. Yvonne Theisen, Sproochmedium a Ketty Donnersbach, an direktem Kontakt mam Engel Albert. Esouguer eis belsch Kollegen vun TVI waren deemools hannendrun an treffe sech an der Stad mam Medium vum Melickshaff, dem Ketty Donnersbach. Si war, well se Dokter gespillt huet, ouni et ze sinn, zu enger Geldstrof verurteelt ginn an erkläert de Kolleege vun TVI, se géing elo just nach d’Geeschter heelen.
Et géife Saachen iwwer si erzielt, déi net wouer wieren, sou d’Ketty Donnersbach, déi sech an enkem Kontakt mam Engel Albert gesäit. Si wiere keng Kriminell, mee Leit, déi u Gott, Jesus an un den Hellege Geescht - also d’Engelen - géinge gleewen.
D’Engelen hunn zënter den 80er Joren um Melickshaff ganz Massen, méi oder manner, faszinéiert. Mat Sauerkraut-Jus! An dobäi: bekannte Lëtzebuerger, Politiker zum Beispill! Eng Belsch Enquêtëkommissioun nennt am Abrëll 1997 an hirem Rapport eng Partie Nimm. Dorënner: Hilda Rau, bis 1993 Member vun der CSV, an am ieweschte Gremium vun der Sekt.
De Rapport vun der vun der belscher parlamentarescher Enquêtëkommissioun fannt Dir hei.
En aneren Numm: Louis Stéphany. Hie war mat der Doktesch Carmela Ragaglia bestuet, déi aus Sizilien mat op Lëtzebuerg koum an huet de Jean Colombera, Dokter a fréieren Adr-Member, an der Sekt ersat. No hirer Scheedung huet de Louis Stéphany jorelaang iwwer Geriichtsprozedure versicht, senger Ex-Fra déi dräi Kanner ewech ze huelen, well déi andauernd mat der Sekt a Kontakt waren. D’Doktesch hat wéinst illegale Behandlungen ee Joer Beruffsverbuet kritt, huet dono awer weider als Doktesch geschafft.
E "Vaccin" géint d’Pescht, e Rezept, dat d’Doktesch vun engem Engel diktéiert krut! Blutt vun engem Pescht-Kranken, Sauerkraut-Jus, gemëscht mat Waasser aus der Melicks-Quell, ënnert d’blo Luucht, an an de Frigo... – "alles Scharlatanismus", seet de Louis Stéphany, Ex-Mann vun der Doktesch. Mat der Angscht virun der Apokalyps hätte si d’Leit kontrolléiert an dominéiert.
De Louis Stéphany huet alles iwwer d’Sekt notéiert a gesammelt an zielt eis am August 2022, dass d’Leit mat der Annonce vun der Apokalyps Angscht gemaach kruten. Just déi ganz devouéiert, déi ganz höreg, kéinten iwwerliewen, an an Ufoe matgeholl ginn, fir no 100 Joer zréck op d’Äerd ze kommen. En Adepte vum Engel Albert hat eis géigeniwwer vun Ausserierdesche geschwat, bei deenen d’Frae schéin an 3 Meter grouss wieren.
Kaum een, dee bei esou Séance mat den Engelen dobäi war, wëllt haut nach eppes dovunner wëssen oder vu sengen Erfarungen erzielen. D’Marion erënnert sech, dass si sech Suergen ëm eng Frëndin gemaach huet, déi sech komplett vun der Sekt beaflosse gelooss hätt. Si hätt zum Beispill virgeschriwwe kritt, mat wéi enge Faarwen déi verschidde Raim am Haus missten ugestrach ginn. Oder wéi a mat wiem si an Zukunft dierft liewen. D’Marion war selwer op de Melickshaff kucken, beschreift eis an engem vun de raren Temoignagen, wat si gesinn huet a koum zur Conclusioun, dass si mat där ganzer Saach näischt kéint ufänken.
Eng belsch Enquêtëkommissioun huet den Engel Albert also kloer als Sekt agestuuft. Abrëll 1997 war dat. Eleng d’Leit psychologesch ze isoléieren, iwwer hiert Liewen ze decidéieren a Weeër virzeschreiwen, dat war de But vum Engel Albert.
De Msg Jean Hengen, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, sot am 1990 an engem Heielei-Interview, dass esou Sekten als Hereetiker natierlech net méi zur Kathoulescher Kierch géife gehéieren. Speziell op den Engel Albert ugesprach erkläert den deemolege Chef vun der Kierch, hie wier net genuch am Bild heiriwwer, hätt awer driwwer gelies a wier der Meenung, dass do awer eng Rei Leit der Meenung wieren, esou eng Sekt ze ginn, wann si et net scho wieren!
Den Abbé Paul Goerens ass Sektebeoptraagte vum Bistum, a sot eis an engem Interview am August 2022, hie wier weder op de Melickshaff kucke gewiescht, nach hätt hie mat engem vun de Responsabele vu "Glaube und Hoffnung", der Sociétéit hannert der Sekt, geschwat.
Esoulaang et net géint d’Gesetz géing verstoussen, kéint ee sech natierlech Suerge maachen, wa Saachen ze vill abstrus wieren, mee fir de Rescht hätten d’Mënschen och d’Recht, abstrus Iddien ze hunn, sou de Sektebeoptragte vun der kathoulescher Kierch. Problematesch géif et awer ginn, wann een, deen a Kontakt mat engem Engel ass, iwwer d’Liewe vun engem aneren decidéiert, sou deen, dee léiwer als dee bezeechent gëtt, dee sech ëm "d’Nouvelles Religiosités et Evangélisation" bekëmmert, wéi als "Sektejeeër".
Déi, déi mat den Engele sinn, géifen eng 100 Joer an engem UFO liewen a kriten dann d’Chance, beim Neesopbau vun der neier, besserer Welt dobäi ze sinn. Spiritistesch Reunioune ginn et, egal wéi, och elo nach; déisäits der Grenz, an Däitschland, a bei eis, bestëmmt därer méi, wéi ee mengt, mat Leit déi nach genee wëssen, wien den Engel Albert war an ass!
E Sonndeg komme mer bei dee leschten Episode vun eiser Serie iwwer dat spirituellt Lëtzebuerg, an dat mat de Muttergotteserscheinungen am Joer 1947 zu Keel.