Zanter 1842 gëtt et d'Lëtzebuerger Post schonn an zanterhier géif een och allkéiers dem Kleesche ënnert d'Äerm gräife mat de ville Wonschziedelen.

Lo, wou de Kleeserchersdag ëmmer méi no kënnt, wier et fir d'Post och nees un der Zäit, fir d'Kleeschen-Sekretariat opzemaachen.

Op Kleeschen oder Père Noël - 1, Spillstrooss L-3290 Am Himmelsland, do kann all Kand vun elo u säi Wonschziedel hischécken.

Sämtlech Bréiwer gi vun do aus un de Kleesche weidergeleet. Ma ier dat geschitt, kritt all Kand eng kleng Iwwerraschung Heem geschéckt. Dofir ass et och wichteg, dass ee seng Adress, respektiv den Absender op d'Enveloppe schreift.

E Stempel oder en Timber muss ee fir säi Wonschziedel net hunn, et kann ee säi Bréif ouni ze frankéieren an eng vun de giele Post-Këschten ageheien oder an eng vun den extra installéierte "Kleeschen"-Bréifkëschten an 9 Post-Espacen. Et kann ee sech och säi Wonschziedel iwwer d'Post erausprinten.