D'Keelebunn vum Café Karine zu Leideleng wäert geschwënn eng grouss Roll op der Weltexpo zu Osaka a Japan spillen.

Am Häerz vum Lëtzebuerger Pavillon wäerte ronn 4 Millioune Visiteuren tëscht dem 13. Abrëll an dem 13. Oktober eppes ganz Besonnesches entdecken: d'Keelebunn vu Leideleng.

D'Presenz vun enger Keelebunn am Pavillon ass keen Zoufall. Keele spillen huet eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg, mat Ekippen, déi reegelméisseg un internationale Championnater deelhuelen a reegelméisseg  Titele gewannen. Lescht Joer hu se souguer Sëlwer bei de Weltmeeschterschaften an Däitschland gewonnen. Och wann dëse Sport hautdesdaags manner populär ass, bleift en en Deel vum nationale kulturelle Patrimoine.

Fir dës Traditioun op der Expo 2025 zu Osaka ze weisen, hu Lëtzebuerger Handwierker sech zesummegedoen, fir eng eenzegaarteg Keelebunn ze designen. Dëse Projet ass duerch eng enk Zesummenaarbecht tëscht dem CNFPC (Centre national de formation professionnelle continue) an de Schüler vum LPEM (Lycée Privé Emile Metz) entstanen.

Besonnesch wichteg war d'Expertise vum Georges Linster, dem leschte Keelebunnebauer am Land, deen haut a Pensioun ass. Hien huet an den 80er Joren de Familljebetrib iwwerholl an huet bal 200 Bunne gebaut. Ouni säi Wësse wär dëse Projet net méiglech gewiescht.

D'Keelebunn gouf den 12. Dezember 2024 am CNFPC zu Esch-Uelzecht ageweit, a Presenz vum Ausseminister a Vizepremierminister Xavier Bettel an all de Responsabelen a Participanten um Projet.